
Am ganze goufen tëscht 22.30 an 3.30 Auer an der Stad 194 Automobiliste kontrolléiert. An 10 Fäll war den Otemtest positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen. A 4 Fäll huet de Fürerschäin nach mussen op der Plaz agezu ginn.
Net just an der Stad, ma och zu Colmer-Bierg, zu Miersch an zu Heeschdref huet all Kéiers 1 Automobilist mussen de Fürerschäin ofginn, well den Alkoholpeegel ze héich war.
E Samschdeg géint 16 Auer ass enger Policepatrull op der N10 tëscht der Hëttermillen a Stadbriedemes e Chauffer hallef op hirer Spuer entgéint komm. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat... de Fürerschäin war et domat lass.
E Samschdeg den Owend géint 20 Auer gouf eng der Police e Motocyclist zu Lëntgen gemellt, dee fortfuere wollt, awer schonn 2 mol mam Moto gefall war. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Mann net just ze vill gedronk, ma och d’Pabeiere vum Moto waren all ofgelaf, bis op d’Assurance. Och hei war de Fürerschäin nach op der Plaz fort.
Tëscht Groussbus a Gréiwels koum et géint 19 Auer zu engem Accident. En Automobilist war vun der Strooss ofkomm an huet e Bam gesträift. Duerno ass en zeréck op d’Strooss komm an huet dobäi de Spigel vun engem Auto ze pake kritt, deen entgéint komm ass. Doropshin ass en un d’Schleidere geroden an ass mat der Bäifuerersäit an e weidere Bam gerannt. De Chauffer, deen ze vill gedronk hat, gouf dobäi liicht verwonnt a koum an d’Spidol. De Fürerschäin gouf agezunn.
Zu Weiler zum Tuer ass enger Policepatrull da géint 3.45 Auer mat héijer Vitess entgéint komm. D’Police huet d’Poursuite opgeholl an de Won op engem Parking gestoppt. De Chauffer huet direkt zouginn, dass e gedronk hätt. Den Ethylotest huet dat dann och bewisen en de Fürerschäin gouf agezunn.