
Sief et op nationalem Plang, an der Politik oder a sengem Beruff als Enseignant - de Nic Estgen wollt ëmmer de Mënsch, dat Mënschlecht an d'Familljen an de Mëttelpunkt vu sengem Schaffe réckelen. Dat ënnert anerem als President vun der Action Familiale et Populaire (AFP).
Vill Leit wësse vläicht net méi, datt de Nic Estgen tëscht 1979 an 1994 als EU-Deputéierte gewielt gouf an dovunner och 2 Mol Vizepresident vum Europaparlament war. Vun 1995 bis 1999 war hien och Deputéierten an der Chamber.
Hei en Extrait vum deemolegen EU-Deputéierten Nic Estgen um Mikro vum RTL Hei-Elei aus dem Joer 1983, wou de Jugend-Chômage op europäeschem Plang en akute Sujet war.
Den CSV-Politiker Nic Estgen koum den 28. Februar 1930 zu Diddeleng op d'Welt an ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Den 28. Februar hätt hien 90 Joer kritt. 1990 war den Nic Estgen Wittmann ginn, nodeems seng Fra bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum. Hien hannerléisst 4 Kanner.