Wéi erwaart gouf do de Lëtzebuerger Nicolas Schmit zum Spëtzekandidat fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident ernannt.
All d’sozialistesch Spëtzepolitiker waren e Samschdeg an der italieenescher Haaptstad. Um Kongress gouf iwwert de gemeinsamen europäesche Walprogramm ofgestëmmt, a mam Nicolas Schmit den offizielle Kandidat fir d’Walen designéiert. Béides gouf mat grousser Majoritéit ugeholl. Den Nicolas Schmit ass iwwerzeegt, datt d’Sozialisten uechter Europa e gutt Resultat wäerte maache bei den Europawalen am Juni.
Fir seng Iwwerzeegungen an de Programm vun de Sozialisten ze presentéieren, wäert den Nicolas Schmit elo an de Memberstaaten op Walkampftour goen.
Den Nicolas Schmit trëtt géint déi aktuell Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen un. Si wäert wuel d’nächst Woch zu Bukarest um Parteikongress vun der EVP confirméiert ginn.
Bei deene leschten zwou Europawalen hat déi Konservativ EVP d’Nues vir. Wéi geséit déi politesch Zukunft vum Nicolas Schmit aus, wann d’EVP och dës Kéier déi meeschte Stëmme kritt an net d’PES? Déi Fro huet de Spëtzekandidat vun de Sozialisten opgelooss.
Den Nicolas Schmit ass zanter 2019 de Lëtzebuerger Vertrieder an der Europäescher-Kommissioun zu Bréissel. Als Kommissär ass hie responsabel fir d’Ressorten Aarbecht a Soziales. Ënnert him goufen an der EU d’Standarde fir eenheetlech Mindestléin agefouert.