"Mir mussen op d'Suerge vun de Leit agoen", esou den Nicolas Schmit

© Arnaud Serexhe
D’LSAP hat um Donneschdegowend hiren Neijoerschpatt an der Fabrick zu Miersch.
Besonnesch zwee LSAP-Politiker hunn en Donneschdeg d’Aktualitéit bestëmmt: De Jean Asselborn, deen annoncéiert huet, net mat an d'Europawalen ze goen, an d'Nominatioun vum Nicolas Schmit als Spëtzekandidat fir d'europäesch Sozialdemokraten. Den aktuelle Kommissär fir Aarbecht a Soziales wëll deemno Kommissiounspresident ginn. Am RTL-Interview sot hien: "Ech mengen et hu jo schonn aner Lëtzebuerger dat fäerdeg bruecht. Et ass also näischt, wat deem a priori am Wee steet."
Vill Leit wieren enttäuscht vun Europa
Et wiere vill Leit enttäuscht a wéissten net méi esou richteg, wou d'Politik hiwëll. Een Zil vum Nicolas Schmit wier et, de Leit nees Hoffnung ze ginn: "Mir musse weisen, datt mir eigentlech fir d'Leit do sinn, an och op hir Suergen agoen. Ech mengen, dat ass e fundamentaalt Uleies vun der Sozialdemokratie an dat wëll ech stäerken an dat wëll ech an engem Dialog mat allen europäesche Bierger fërderen."
Den Nicolas Schmit huet zudeem virun europafeindlechen extremistesche Parteien aus dem rietse Spektrum gewarnt. Als Beispiller huet hien déi däitsch AfD ronderëm de Björn Höcke, d'Fratelli d'Italia vun der italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni oder d'Fidesz vum ungaresche Premier Victor Orbán genannt. An och fir sech géint dem Putin säi Russland wieren ze kënnen, bräicht et eng staark Europäesch Unioun.
Dem Nicolas Schmit säin Zil ass kloer: De véierte Lëtzebuerger President an der Geschicht vun der EU ze ginn. Et géing virun allem drëm goen, deene sozial Schwächsten ze hëllefen.
"Iwwer 90 Millioune Mënschen an Europa sinn an der Aarmut oder am engem Risiko vun der Aarmut. A fir mech ass eng Prioritéit fir déi nächst Kommissioun, fir dat nächst Europäescht Parlament, an de Marc (Angel) weess et, muss d'Bekämpfung vun der Aarmut an Europa sinn. Deene Mënschen, déi keng Perspektiv hunn, déi keng Chance hunn, deenen 20 Millioune Kanner, deenen haut schonn d'Zukunft zougemauert ass, deenen eng Zukunft ze ginn."
De Marc Angel ass gesat fir d'Europawalen
Wien déi sechs Kandidate sinn, déi mat an d'Wale ginn, ass nach net gewosst, och ob den Nicolas Schmit mat op eng Lëscht geet, ass net kloer. D'Co-Parteipresidentin Francine Closener sot am RTL-Interview, dass een d'Lëscht awer paritéitesch wäert opstellen an de Marc Angel gesat wier, dat als Spëtzekandidat.
Als LSAP wier een och immens houfreg, dass den Nicolas Schmit fir en héije Posten an Europa nominéiert ass: "Den Nicolas Schmit ass net nëmmen en iwwerzeegte Sozialist, mee och en iwwerzeegten Europäer."
Lëtzebuerg kann nëmmen een EU-Kommissär kréien
An de Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP krut de Christophe Hansen vun der CSV de Poste vum Kommissär zougesot. Géif den Nicolas Schmit fir d'europäesche Sozialdemokrate an d'Kommissioun kommen, kéint de Christophe Hansen net och Kommissär ginn.
2013 hätt déi deemoleg Dräierkoalitioun och ënnerstëtz, dass de Jean-Claude Juncker konnt Kommissiounspresident ginn, esou d'Francine Closener. Dofir hätt een op en eegene Kandidat verzicht: "Ech ginn dovun aus, dass déi aktuell Regierung op jiddwer Fall déi Kandidatur vum Nicolas Schmit ganz seriö hëlt an eis och do ënnerstëtze wäert."
LSAP konnt Membere bäigewannen
Iwwer 400 nei Membere konnt een am leschte Joer derbäigewannen, dat wier enorm, esou de Generalsekretär Tom Jungen. Ma et wëllt ee weider wuessen an dofir lancéiert een d'Campagne "Plus Eent, all Member zielt". De Co-Parteipresident Dan Biancalana huet a senger Ried ënnerstrach, datt ee sech als Optioun zur aktueller konservativ-liberaler Regierung profiléiere wëllt.
"Jo mir gi gebraucht, grad an dësen Zäiten, wou den Egoismus an de Neoliberalismus d'Schéier tëscht Aarm a Räich weider auserneerappt, amplaz se méi kleng ze maachen, wat eis Bestriewung als LSAP ass. Mir gi gebraucht an dësen Zäiten, wou déi Schwächst vun eiser Gesellschaft ausgegrenzt a stigmatiséiert ginn. Mir gi gebraucht an dësen Zäiten, wou d'Gesellschaft éischter soll gespléckt ginn, amplaz zesummegehale ginn, wou amplaz Demut Demutigung um Ordre du jour ass."
Net mat Frieden senger "Lëtzebuerg SA" averstanen
Déi aner Co-Parteipresidentin huet hirersäits fonnt, datt et engem bei engem éischten Tëschebilan vun vu Schwaarz-Blo kal de Réck eroflafe géing. Amplaz d'Aarmut ze bekämpfen, géifen duerch d'Heescheverbuet déi Äermste bekämpft. D'Wirtschaft géing iwwert alles gestallt ginn an den Ëmwelt- a Klimaschutz misst sech ganz hannen ustellen. De Pensiounssystem géing iwwerdeems zu Gonschte vun de Besserverdénger geännert. D'Francine Closener huet deen neie Premier Luc Frieden an awer och seng Visioun vu Lëtzebuerg an d'Viséier geholl.
"Deen neie Premier ka vun deem Geescht vu Senneng nach sou begeeschtert sinn, d'Land als eng Firma gesinn, mir all, déi ganz Populatioun, als seng Beleegschaft, a sech selwer als grousse Generaldirekter vun der Lëtzebuerger SA gesinn. Nee Luc Frieden, sou geet dat net, sou huele mir dat net hin."
Ma gläichzäiteg wéilt een awer net alles schlecht maachen, nëmme well een an der Oppositioun ass, mee konstruktiv Propose maachen. Alles anescht géing nämlech zu Haass féieren a Populisten an d'Hänn spillen.