De Patient ka selwer oder mat Hëllef vun engem Dokter oder Apdikter eng Deklaratioun maachen. Zum Beispill wann um Beipackziedel vun engem Medikament Risikogruppen ergänzt oder bis dohin onbekannt Niewewierkunge misste bäigesat ginn.
Sämtlech Apdikten zu Lëtzebuerg maachen dëst Joer als Ambassadeure vun der Medikamentesécherheet bei der Campagne mat. Dës leeft nach bis den 12. November, mee Niewewierkunge vu Medikamenter kënnen a sollen iwwert d’ganz Joer deklaréiert ginn.