
Dee Chauffer, deen näischt fir den Accident konnt, wär aus dem Auto geklommen, fir sech mat der anerer Persoun ze eenegen, wéi d'Police e Samschdeg schreift. Nëmme wär déi aner Persoun du geflücht an a Richtung Belval fortgefuer.
De Chauffer mat der Téitsch am Auto hätt dunn d'Police vun Esch informéiert. Déi aner Persoun konnt doropshin ermëttelt ginn. Si hätt ze vill Alkohol gedronk gehat, schreift d'Police. De Permis ass fort.
E Freideg den Owend géint hallwer 12 war enger Patrull en Auto opgefall, deen zu Hollerech duerch Rout gefuer war an a Richtung Salzhaff ënnerwee war. De Chauffer gouf kontrolléiert. Hien hat ze déif an d'Glas gekuckt a krut dowéinst säi Permis ofgeholl. Déi 3 Passagéier hate géint déi aktuell Covid-Restriktioune verstouss. Aktuell gëllt jo e Couvre-feu um 23 Auer owes. Si hunn e Protokoll misse bezuelen.