
Och fir de Peter Freitag huet Meenungsfräiheet hir Limitten. De Mann, dee sech an der Zeen vun de Corona-Skeptiker en Numm gemaach huet, gouf en Donneschdeg de Moien zu enger Geldstrof vun 2.500 Euro verurteelt.
An de soziale Medien hat hien zejoert de Psychiater Dr. Jean-Marc Cloos an ee Gynekolog als “Corona-Nazien” titeléiert, a geschriwwen, datt si “Disciple vum Dokter Mengele” wieren - en Dokter, deen Experimenter u jiddesche Kanner zu Auschwitz duerchgefouert huet.
Den zwee Dokteren, déi doropshi Plainte gemaach hunn, muss de Peter Freitag nieft der Geldstrof nach e Schuedenersatz vu all Kéiers 1.000 Euro bezuelen. Donieft muss hie fir Prozedurkäschten an Héischt vu 750 Euro opkommen.