
“Eis geet et déck duer, wa mir gesinn, wéi déi syndikalistesch Fräiheete mat Féiss getrëppelt ginn.” Mat deene Wierder reagéiert e rosene CGFP-President op eng Verwarnung vum Parquet, déi de President vun der Policegewerkschaft krut.
Deen Avertissement ass d’Konsequenz vun enger Rei Plainten, déi notamment 12 héich Memberen aus dem Policekader géint de Pascal Riquier perséinlech gemaach haten. Grond fir d’Plaintë waren Aussoen, déi de Pascal Ricquier als fréiere President vum Syndicat professionel de la force publique gemaach hat. Op engem Kongress viru ronn 3 Joer hat hien d’Police-Hierarchie ferm kritiséiert, huet de Vizepresident vun der Policegewerkschaft, de Marco Richard, d’Situatioun op hirer rezenter Generalversammlung erkläert. De Pascal Ricquier krut kee Prozess gemaach, mä zimmlech rezent en Avertissement vum Parquet, aus deem de Marco Richard zitéiert.
“Le présent dossier sera tenu en suspens à condition que les faits y reprochés ne se reproduisent plus! Den Dossier gëtt en suspens gehalen ënnert der Bedéngung, datt déi virgeworf Faite sech net reproduzéieren. Et schéngt fir de Parquet also Acquis, datt et déi Faite gouf, esou wéi reprochéiert. Ouni Geriichtsverfaren, ouni Verurteelung an datt et sech ëm eng Strofdot handelt. Ech hu bis elo ëmmer geduecht et wier een onschëlleg, bis ee rechtskräfteg verurteelt ass.”
Eng weider Plainte hat de fréiere Chef d’Etat-Major gemaach, mä déi war ouni Suitte klasséiert ginn. Bei deenen anere Plaintë gëtt sech awer elo d’Fro gestallt, wat dann elo geschitt? Ob déi Reprochen an de Casier kommen? An iergendeen anere Fichier? Wéi laang se versuergt ginn, wéi eng Recoursméiglechkeeten de Pascal Ricquier hätt a wat eigentlech d’Zil vun deem Avertissement ass. De President vun der CGFP Romain Wolff huet op déi lescht Fro eng kloer Äntwert.
“D’Gewerkschaftler sollen offensichtlech - vu wiem och ëmmer gesteiert - e Maulkuerf ugedoe kréien. Nom Motto: Traut Iech nëmmen net méi eppes ze soen, well soss....”
Eng Situatioun, déi fir d’CGFP inacceptabel ass. “Fanger ewech vun der liberté syndicale! Affaire à suivre!”
D’CSV huet an Tëschenzäit gefrot, datt d’urgence déi parlamentaresch Kommissioune fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung a fir Justiz zesummekommen. D’Oppositioun wëll, datt do zesumme mat den zoustännege Ministeren an dem Parquet général Liicht an dësen Dossier bruecht gëtt.