Stater GeriichtNo déidlechem Accident - Sträit ëm Schuedenersatz

RTL Lëtzebuerg
Op der Cour d'appel gouf sech mam zivilrechtleche Volet vun engem Accident mat déidleche Suitten, am Januar 2017, um Parking vum Cactus-Houwald befaasst.

Am Abrëll war um Stater Geriicht decidéiert ginn, dass eng jonk Fra 3 Parties civillen dowéinst zesumme 65.000 € bezuele sollt. Domat waren d'Fra, d'Duechter an de Fils vum Affer awer net averstanen.

Sträit ëm Schuedenersatz / Reportage vum Eric Ewald

Well déi 1. Riichter hiren eenzelen Demanden net nokomm waren - déi 3 Parties civillen haten zesummen eppes méi wéi 315.000 € Schuedenersatz gefrot -, hate si Appell géint dat 1. Uerteel gemaach.

De Me Rosario Grasso, hiren Affekot, huet um Freideg de Moie fonnt, dass d'Montanten, déi an 1. Instanz zougesprach goufen - 25.000 € fir d'Fra an all Kéiers 20.000 € fir d'Duechter an de Fils vum Affer -, sollten eropgesat ginn. Wuel hätten déi 3 Cliente moraleschen, net awer materielle Schuedenersatz kritt. Dobäi wär de Mann d'Verdéngschtquell gewiescht an hätt d'Fra déi no sengem Doud verluer, eng Fra, ëm déi sech de Mann och bekëmmert gehat hätt, sou de Me Rosario Grasso.

De Me Fettig, Affekot vun der Ugekloten, déi um Freideg net present war, huet betount, et wär kloer, dass d'Famill gelidden hätt an och e Schued hat. Si misst awer koherent bleiwen. Dat 1. Uerteel wär dat, soudass et vun den Appellriichterinne sollt confirméiert ginn. De moralesche Schuedenersatz, deen déi 3 Parties civillen zougesprach kruten, géif hien net kontestéieren, dofir awer dee gefuerderte materiellen.

D'Appellsuerteel ass fir den 19. November.

Et sief nach bemierkt, dass d'Beschëllegt iwwert de Schuedenersatz eraus virun engem décken hallwe Joer zu 6 Méint Prisong mat Sursis, enger Geldstrof vu 1.500 € an engem Fuerverbuet vu 24 Méint, 18 dovu mat Sursis, condamnéiert gi war. Si hat virun net grad 3 Joer am fréien Owend nom Akafen heemfuere wëllen. Um Zebrasträif virun der Haaptentrée vum Houwalder Cactus hat si e 77 Joer ale Mann ze pake kritt, dee 5 Deeg drop am Spidol gestuerwe war.

Back to Top
CIM LOGO