Méi Ausernanersetzungen an der StadNo Familljesträit an Attack op e Bankomat goufe Leit an Arrest geholl

RTL Lëtzebuerg
Iwwerhaapt hat d'Police iwwert d'Feierdeeg méi Asätz, well et zu Sträit an der Famill oder d'Stéiere vun der Nuetsrou koum.

Géint 16.30 op Chrëschtdag gouf d’Police op eng Ausernanersetzung mat méi Persounen an d’Hollerecher Strooss an der Stad geruff. D’Persounen, déi de Beamte gemellt goufen, konnten op engem Parking lokaliséiert ginn. Éischten Informatiounen no waren hei e puer Membere vun enger Famill uneneegeroden an ënner anerem gouf déi viischt Fënster vun engem Auto beschiedegt. Ee vun de Bedeelegten hat esou déif an d’Glas gekuckt, datt hie fir sech a fir aner Leit eng Gefor duergestallt huet. Dowéinst gouf hie kuerz vun engem Dokter ënnersicht, éier hie säi Rausch an enger Zell ausschlofe konnt.

An der Nuecht op e Méindeg gouf d’Police an de Garer Quartier bestallt, well hei e Mann am Gaang war, seng Roserei un engem Bankomat auszeloossen. Och hien hat ze vill gedronk a gouf nom Besuch beim Dokter an eng Zell gesat, fir sech auszerouen.

Um fréie Méindeg de Moie koum dann nach eng weider alkoholiséiert Persoun dobäi, déi um Kierchbierg an der Rue Carlo Hemmer op sech opmierksam gemaach. De Mann hat däitlech ze vill gedronk an huet aner Passanten ugepöbelt. Och fir d’Beamten hat hien e puer net all ze léif Wierder iwwereg, esou datt och hien um Policebüro gelant ass.

Iwwerhaapt gouf et iwwert d’Feierdeeg méi Asätz vun der Police, well et zu Streidereien an der Famill respektiv zu engem Verletze vun der Nuetsrou koum, dat meescht dovunner konnt awer op der Plaz gekläert ginn. D’Police rifft an deem Kader d’Leit op, fir och beim Feieren de géigesäitege Respekt net ze verléieren.

Leider hunn dann och Onéierlecher vun de Feierdeeg profitéiert, dat ënner anerem géint 21.50 Auer op Chrëschtdag, wéi en Onbekannten an d’Wunneng vun engem Appartementshaus an der Rue Nicolas Van Werveke zu Hollerech agebrach ass, hei e puer Raim duerchwullt a verschidde Saache geklaut huet. An deem Kader erënnert d’Police nach eng Kéier un hir Tipps, wéi ee sech virun Abréch besser schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO