
Sans-abrien, Refugiéen, Salariéen, déi knapp hire Loyer bezuele kënnen, Monoparentallen oder Fraen, déi haislech Gewalt erlieft hunn. Si alleguer sinn op eng gewëssen Aart a Weis mat Aarmut konfrontéiert. Op der Ausstellung “Les Exclus du Festin”, grad wéi an engem Buch ënner dem nämmlechten Numm, sollen hir Geschichten erzielt ginn. Et ass e Projet, deen den Auteur Claude Frisoni an de Fotograf Raymond Reuter zesumme mat der Chambre des Salariés an d’Liewe geruff hunn. Si hunn decidéiert, déi Leit ze treffen, déi an Aarmut liewen, an hinnen anengems méi Visibilitéit ze ginn.
18 Méint hu béid Hären un dësem Projet geschafft, hinne wier et wichteg gewiescht, méi wéi just eng Foto ze maachen, seet de Claude Frisoni iwwert d’Ausstellung “Les Exclus du Festin” “Pour aller faire une photo d’une de ces personnes on ne va pas chez elle et on dit bonjour je veux faire une séance de shooting. Non, il faut aller plusieurs fois, il faut gagner de la confiance. Il faut apprendre à les connaître, il faut surtout apprendre à les respecter.”
Mat Hëllef vu Sozialaarbechter konnt de Kontakt zu de Leit hiergestallt ginn. Et wier eng Erfarung gewiescht, déi si matgeholl hätt, de Raymond Reuter. “Mer sinn heem komm a mer waren einfach um Buedem zerstéiert. Do héiert der Saachen a sot iech, dat ass dach net mënscheméiglech, dass et dat gëtt. Wat ech bewonneren, ass de Courage vun deene Leit, dass déi ëmmer nees opgestane sinn. Ech mengen, ech hätt mer eng Kugel an de Kapp geschoss mat all deem Misär, deen déi Leit erlieft hunn. A wat och schwéier ass dat sinn déi bürokratesch Hürde mat deene se konfrontéiert ginn, wou d’Leit einfach verzweiwelt sinn.”
Fir dës Problemer kënne ganzheetlech unzegoen, proposéiert de Claude Frisoni eng Reunioun tëscht verschiddene Ministeren “Presque tous les ministères sont concernés, donc il faut les réunir avec les travailleurs sociaux et avec les représentants de ceux que j’appelle les victimes. Et puis on pourra dire, oui on est le pays le plus riche on est aussi celui qui traite le mieux le problème de la pauvreté et aujourd’hui ce n’est pas le cas.”
D’Fotoe ginn esou wuel an der Gare an an der Passerelle bis de 16. Juli, ewéi och an de Raimlechkeete vun der Chambre des Salariés zu Bouneweg bis Mëtt September gewisen.
“L’État est un très grand responsable de la misère": Den Interview mat den Auteuren op RTL Infos