Luxembourg Sustainability ForumNohaltegkeet am Mëttelpunkt

RTL Lëtzebuerg
Et ass fir déi 9. Kéier dass IMS Lëtzebuerg de "Luxembourg Sustainability Forum" organiséiert.

Et goufen nees héichkaräteg Experten an Personnagen aus dem Beräich Nohaltegkeet invitéiert.

National an international Spezialiste beschäftege sech de ganzen Dënschden iwwer mam Thema "Generate Positive Impact".

Themen wei solidaresch Ekonomie, alternativ Business-Modeller an wei mer och aus dëser Kris bäiléieren wäerten hei aus ënnerschiddlechen Vuen debattéiert ginn.

Riedner sinn ënner anerem den Emmanuel Soulias (CEO PUR Projet), den Athlet an Entrepreneur Ryadh Sallem an d'Directrice vun Décathlon Lëtzebuerg, d'Karine Blanc. Dëst Joer ass de Forum dann och komplett a Form vun enger Visio-Konferenz déi um Dënschdeg vun 10 Auer un och hei op RTL.lu wäert iwwerdroen ginn.

Hei fannt der de komplette Programm

PDF Pressedossier

Back to Top
CIM LOGO