
Den entspriechende Gesetzesprojet gouf en Dënschdeg an der Chamber vum Mëttelstandsminister Lex Delles presentéiert. Mam neien Text ginn och 4 nei Beruffs-Kategorien nei reglementéiert. Dëst sinn ënnert anerem de Metier vum Innenarchitekt an dem Geometer. Genee wéi den Architecte-Paysagiste an den Urbanist ginn dës Beruffer ënnert d’Kontroll vum OAI placéiert.
Eng weider Neierung, déi duerch d’Gesetz geschaf gëtt, ass d’Obligatioun fir all d’Beruffer, déi vum OAI vertruede ginn, fir eng Formatioun vu 40 Stonnen, op 4 Joer verdeelt, matzemaachen.
De Statut vum fakultativen OAI-Member fält iwwerdeem ewech - de Secteur vun den Architekten an Ingenieure gëtt also méi streng reglementéiert a kontrolléiert.