Parallel hunn d'Asätz vun de Rettungsekippen zougeholl an och d'Zentral vum 112 ass méi belaascht, well vill Leit dohinner uruffen, fir Froen a puncto Covid-Pandemie. Wéi sech beim CGDIS organiséiert muss ginn, fir esou gutt wéi méiglech Asazbereet ze bléiwen, dat war sech d'Mariette Zenners an d'Zentral op Esch ukucken.
Virun all Asaz, bei deem e Covid-Patient huet missen transportéiert ginn, muss den Ambulancier, dee mat hannendra sëtzt, an en Tyvek-Kostüm agekleet ginn. Beim Retour gëtt dee virsiichteg ausgedoen, duerno gi Persounen a Gefier desinfizéiert. Eng opwänneg Prozedur. En Ambulanz ass do gutt 2 Stonnen ausser Betrib.
Esch, d'Stad an Ettelbréck hunn esou eng Desinfizéierungssstatioun. Zu Esch hat een am Oktober an der Moyenne 2,5 esou Desinfektiounen den Dag, am Abrëll waren et der 3,8. Am Moment hätt een am Duerchschnëtt 180 Asätz den Dag. Am Verglach mam leschte Joer ass dat e Plus vun 40 Asätz méi den Dag, sou d'Inneministesch Taina Bofferding.
21 Leit sinn den Ament vun de professionelle Pompjeeë wéinst positiven Tester isoléiert, eng 20 a Quarantän. Nach geet et duer mam Personal, mä et preparéiert ee sech fir opzestocken, bannent de Schichten, respektiv mat méi Fräiwëllegen.
Och d'Zentral vum 112 ass vill gefuerdert. Zu normalen Zäiten sinn et schonn eng 1.100 Appeller den Dag, lo ruffe vill Leit wéinst Covid un. Et sollt een awer net onbedéngt den 112 uruffen, wann ee Froen huet, betount d'Taina Bofferding. Si appelléiert an deem Sënn nach emol kloer, sech just beim 112 ze mellen, wann eng Urgence ass.
Wärend dem Lockdown hat de CGDIS tëscht 10 a 15 % manner Asätz. Virun allem op de Stroosse war et méi roueg, Accidenter doheem haten am Confinement awer zougeholl.