
18 ënnerschiddlech Texter goufen et bis ewell iwwer d’Bëscher am Grand-Duché, den eelsten dovu geet op 1617 zeréck. Virop ass et emol drëm gaangen, alles, wat d’Bëscher concernéiert, an engem Gesetzestext ze regroupéieren, woubäi zum Beispill och Elementer aus dem Naturschutzgesetz mat an dat neit Bëschgesetz mat agefloss sinn. Wichteg war et awer och, eng Definitioun festzehalen, well där gouf et bis ewell keng. Dozou de Gilles Biver vum Ëmweltministère:
“Mir hunn eng Definitioun, déi laang ass, mä de Bësch ass e komplexen Ekosystem. Dorënner kann och eng Plaz falen, wou haut kee Bësch méi steet, well duerch eng Exploitatioun e Kahlschlag gemaach gouf, mä dat bleift eng Bëschfläch, wou och erëm muss Bësch ugeplanzt ginn. Dat hei setzt am Fong dat gesetzlech fest, wat am Fong fir jidderee kloer ass.”
Et ass gewosst, datt eng ganz Partie Bamzorten an eise Bëscher leiden:
“Dat, wat d’Leit all gesinn hunn, sinn d’Nolebeem, déi erkranken an ofgestuerwen ausgesinn, mä och d’Buch leit immens ënnert der Dréchent.”
Dofir sollen nieft eenheemesche Beem an Zukunft och aner Zorten ugeplanzt ginn, aus ënnerschiddleche Grënn. De Gilles Biver:
“Zum engen,well mer se brauchen, well Holz nach ëmmer e wichtegt Baumaterial ass. Et ginn awer och Bamzorten, déi elo scho kënnen adaptéiert sinn un d’Wiederextremer.”
Et ass eng Lëscht erstallt gi mat 53 Bamzorten, déi net sou ënnert de Wiederextremer leiden:
“Aus méi südleche Géigenden, wéi zum Beispill Südfrankräich oder dem Norden aus Italien, mä och Zorten aus Nordamerika oder Asien.”
50% vun de Bamzorten, déi an Zukunft geplanzt ginn, musse vun där Lëscht sinn, ginn awer och subsidéiert.
Serie Bësch - Deel 1: Kee rechtsfräie Raum: Am Bësch gëlle kloer Reegelen