
D’Hallschent vun de Bëscher am Grand-Duché sinn a privater Hand, déi aner an ëffentlecher - heescht Bëscher, déi dem Staat oder de Gemenge gehéieren. Eng grouss Neierung mam Gesetz ass, datt jiddereen Accès op de Bësch huet - egal ob privaten oder ëffentlechen, erkläert de Joe Ducomble vum Ëmweltministère.
“De Bësch ass op, de Proprietär huet net méi d’Méiglechkeet, de Bësch zouzemaachen an all Wee muss oppe bleiwen. An ech als Privatpersoun hunn d’Recht, do trëppelen ze goen.”
Alles aneres wier einfach net méi zäitgeméiss gewiescht. An dat gëllt och a Punkto Responsabilitéit, wann eppes am Bësch geschitt.
“D’Gesetz gesäit ganz kloer vir, datt de Bëschbesëtzer just nach responsabel ass fir Accidenter, déi duerch säi Feeler passéiert sinn.”
Eng aner Ännerung ass déi, datt d’Leit mam neie Gesetz legal Verschiddenes am Bësch plécken a sammelen dierfen, allerdéngs just a klenge Quantitéiten.
“Wann ech an de Bësch ginn an ech sammelen zum Beispill Champignonen, dann ass et net, fir riseg Quantitéiten ze sammelen, déi iwwert dat eraus ginn, wat ech selwer consomméieren. Heescht: Ech kann an de Bësch goen a Champignone plécken, fir owes en Toast au Champignons ze maachen, mee et geet awer net, fir do kommerziell Aktivitéiten unzefänken a sou weider. Dat schéngt kloer ze sinn, datt dat dann d’Recht ass vun engem private Proprietär.”
Wat dierf een da plécken?
“Alles, wat net ënner Naturschutz steet. Dat ass e wichtege Message! Fir de Rescht schwätze mer vu Produits de forêt - dat ass alles ausser Holz. D’Recht, fir Holz aus sengem Bësch erauszehuelen, ass dem Bëschbewirtschafter reservéiert”, esou de Joe Ducomble.
E Mëttwoch geet et dann ëm d’Definitioun vum Bësch an d’Virschrëften, wat an Zukunft dierf ugeplanzt ginn.