Service fir Leit mat spezifesche BesoinenOch no der Rentrée nach eng Rei Problemer beim "Mobibus"

Fanny Kinsch
No gréisserem Chaos d'lescht Schouljoer ass och dës Rentrée nach net sou ideal verlaf.
© dpa/AFP/Archiv/Sebastian Kahnert

Dee Constat mécht d’Elterevertriedung, wann et ëm de sougenannte “Mobibus” geet, deen de Schoultransport fir Kanner mat spezifesche Besoinen, awer och den Transport op d’Aarbecht fir Erwuessener mat enger Behënnerung assuréiert.

Beim Mobilitéitsministere weist een op Verbesserunge beim Logiciel an eng relativ iwwerschaubar Unzuel vun Incidenten hin. Concernéiert Famille kommen awer a Stresssituatiounen.

Der Marguerite Kettmann hire Fils Joé geet zanter der Rentrée an en Atelier protégé schaffen a fiert dofir mam Mobibus vu Wäiswampech op Kéiber.

“Déi éischt Woch ass alles moies schifgaangen, well wat do jo och, wat ech net ka verstoen, dee Plang, deen ass well Wochen, Woche virdrun, geet dee ran. Wéini datt d’Zäite sinn, wéini datt moies d’Kand ofgeholl gëtt, do verstinn ech net, datt déi Entreprisen dat net esou ëmgesat kréien, datt dat da soll klappen.”

Eigentlech sollt de Joé um 7.20 Auer ofgeholl ginn. D’Famill ass awer och schonn 10 Minutten éischter prett, an et géing och net stéieren, wann de Bus mol 10 oder 15 Minutte Retard hätt. Ma hei wieren et awer Retarde vun enger hallwer bis enger Stonn gewiescht.

“Hee leeft dann eng hallef Stonn hei hin an hier, well hie weess, hie steet well prett do an da kënnt keen. Et ass jo mol Mobibus, dat heescht, déi Kanner oder Jugendlecher oder al Leit, déi hunn all eng Beanträchtegung, dat heescht, wann do moies alles duercherneen ass, da kommen si duercherneen op hir Schaff. Well hie geet jo elo schaffen, hie muss jo och pünktlech sinn.”

Eréischt an de leschten Deeg wier et besser gaangen. Op der App kënnen d’Elteren am Fong kucken, wou de Bus drun ass, ma dat géing bei hir net funktionéieren. Datt d’Situatioun vun der Marguerite Kettmann hirer Famill keen Eenzelfall ass, confirméieren d’Aussoe vun der Elterenassociatioun, déi an de leschte Wochen och schonn e puer Reunioune mam Ministère hat. Duerch Verbesserunge beim Logiciel, deen d’Faarten organiséiert, géing et dëst Joer wuel besser goen, sou hire President Alain Massen. An awer:

“Déi éischt Deeg waren nach massiv Schwieregkeeten. Lo fänkt et u lues a lues ze rullen, dat muss ee soen, et sinn ee ganze Koup Schwieregkeeten, déi awer lo geléist goufen. Mä trotzdeem, mir hunn nach ëmmer d’Situatioun, dass déi Applikatioun bei villen Elteren net funktionéiert, dass d’Applikatioun, déi se hunn, d’Auerzäite falsch ugëtt oder, oder net ugëtt.”

Dat géing dann dozou féieren, datt tëschent fënnef Acteuren hin an hier misst telefonéiert ginn, iert d’Eltere wéissten, wou de Bus dru wier. En anere Problem wier, datt Kanner ganz laang am Bus sinn.

“Fir 10, 12 Kilometer vun der Schoul ewech si verschidde Kanner bis zu 2 Stonnen am Bus. Déi ginn um Véierel op 6 moies ofgeholl, fir eventuell um 8 an der Schoul ze sinn. Et si Kanner, déi dat da moies 2 Stonne matmaachen an dann nach eng Kéier mëttes 2 Stonne matmaachen, wa se heemgefouert ginn. Dat muss der Iech virstelle Kanner, déi spezifesch Besoinen hunn, déi scho Schwieregkeeten hunn.”

Dat wier net mënschlech, fënnt den Alain Massen. De Mobilitéitsministere confirméiert, datt et fir d’Rentrée nach Problemer gouf. D’Situatioun hätt sech duerch d’Iwwerschaffe vum Logiciel awer däitlech verbessert, sou d’Annick Trmata aus der Direktioun vun der Verwaltung vum ëffentlechen Transport.

“Dat, wat eis de Moment am Fong geholl lo just nach Schwieregkeete mécht, dat sinn am Fong geholl d’Situatioun dobaussen op de Stroossen, mam Verkéier, verschidden Ekipementer, déi net ëmmer richteg ugepasst sinn, a virun allem d’Unzuel un de Modifikatiounen, déi de Moment eben och agedroe ginn, dat ass zwar engersäits de Quotidien, dee mer eben hunn, fir Transporter och esou ze assuréieren, wéi gefrot, mee do ass de Moment wierklech e ganz grousse Volume, dat stellt eis wierklech virun Erausfuerderungen de Moment.”

D’Demande fir Ännerungen hätte sech verdräifacht. Zanter der Rentrée wieren am Duerchschnëtt 25.000 bis 26.000 Faarten d’Woch organiséiert ginn. An där Zäit wieren 327 Tëschefäll gemellt ginn.

“Wann een déi elo géinteniwwer stellt vun enger 25.000 Faarten an der Woch, mol dräi Woche si mer jo schonn op iwwer 70.000 Faarte wärend där selwechter Zäit.”

Dat wier onglécklech, awer an engem iwwerschaubare Beräich. Mat der Situatioun zefridde wier een awer net, well ee mat enger relativ klenger Equipe géing u seng Grenze stoussen, esou d’Annick Trmata.

“Mir sinn net ukomm un de Limitten, un deem wat iergendwéi e System informatesch ka leeschten, mee einfach well immens vill sur mesure Demanden awer do sinn, déi immens vill Organisatioun an Zäit kaschten, fir déi ëmzesetzen, a vun dohier muss ee sech mengen ech konkret Gedanken do driwwer maachen, a wéi engen Delaien oder och no wéi enge Krittären, dass een Transporter kann assuréieren.”

Och vu Säite vun de Chauffere waren et d’lescht Joer eng Partie Reklamatioune ginn - an enger Reunioun mam Mobilitéitsministere hat den LCGB dofir gefuerdert, datt een nees géing op de System ouni Logiciel zréckgoen, wann et sech net géing besseren. Op Nofro heescht et elo vun der Gewerkschaft, datt et nach kleng Problemer géinge ginn, d’Situatioun sech allgemeng awer däitlech verbessert hätt.

An enger parlamentarescher Fro vun der CSV vum 19. September war och op Komplikatiounen higewise ginn, zënterhier wier hien och nach vu méi Concernéierte kontaktéiert ginn, seet den Deputéierte Paul Galles op Nofro. Eng Äntwert läit nach net vir.

Back to Top
CIM LOGO