Kappwéi, Péng an de Gelenker, Middegkeet an héicht Féiwer, dat sinn déi typesch Grippesymptomer, déi bis zu enger Woch laang dauere kënnen. Lescht Joer gouf et keng Grippewell, an der Reegel awer fält se tëscht Dezember a Februar.
Dr David Heck – Cercle vun de Generalisten:
De Grippevirus ass saisonal. Et ass schonn e bëssen aussergewéinlech, fir deen elo Enn Mäerz, Ufank Abrëll ze gesinn. Deen ass warscheinlech schonn e bësse verlagert duerch di verschidde Regelen, déi mer wéinst dem Coronavirus agehalen hunn.
Där Meenung ass och de Kannerdokter. D’Maskeflicht ass jo och an de Schoulen ofgeschaf. De Covid géif awer manner Schwieregkeete bereede wéi d’Gripp.
Dr Serge Allard – President vun de Kannerdokteren:
Déi Omikron-Variant ass immens ustiechend, mee gëtt awer keng schlëmm Verleef am Krankheetsbild. Et ass am Fong, deen Ament manner schlëmm wéi d’Gripp bei de Kanner.
Eeler Patiente wieren den Ament manner vun der Gripp betraff, esou d’Erfarung vum Hausdokter. Vill vun hinne si géint Gripp geimpft an dowéinst och geschützt. Grad bei Vulnerabele kann den Influenza-Virus zur Komplikatioun Longenentzündung féieren.
Dr David Heck:
Eng aner Komplikatioun ka sinn, dass een duerch de Virus vun der Gripp selwer ganz schlëmm krank gëtt. Dat ass awer eppes, wat ganz seelen ass an och net am Verhältnis steet, wéi de Coronavirus d’Leit ka krank maachen.
Apropos Coronavirus: Zanter e puer Woche hu mer zu Lëtzebuerg och anti-viral Covid-Medikamenter Lagevrio a Paxlovid. D’Hausdokteren géifen dës awer nëmme seele verschreiwen. Se wiere virop indiquéiert fir vulnerabel Persounen a Leit iwwer 65 Joer.
Och de Fait, datt se net geimpft sinn. Well och wann een net geimpft ass, huet een de Risk e schwéiere Verlaf vu Covid 19 ze maachen an nach aner Krittäre vu Vulnerabilitéit. Doduerch datt mer bei der Kategorie vu Leit ee gudden Impftaux hunn, ass et seelen, dass mer mussen déi Medikamenter verschreiwen.
Bei der Gripp kënnt meeschtens Paracetamol an den Asaz géint dat héicht Féiwer. Kéim schlëmmen Houscht, dee wéi deet dobäi, sollt een onbedéngt bei den Dokter goen, fir eng Bronchite oder Longenentzündung auszeschléissen.