Warnung vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz Ofschafe vum Boergeld kéint eng grouss Gefor duerstellen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Konsumenteschutz warnt virun de Konsequenzen, wann d'Boergeld ofgeschaaft soll ginn.
ULC warnt virun Ofschafe vu Boergeld
Dat ganzt hätt virun allem Konsequenzen op Konsumenten, esou de Konsumenteschutz.

Dës Moossnam plangt d'EU am Kampf géint den Terror. Op d'mannst sollen d'boer Sue limitéiert ginn.

An hirem Communiqué stellt d'ULC d'Fro, ob dës Method iwwerhaapt effikass wier.

Dernieft ënnersträicht de Konsumenteschutz ënnert anerem, datt de Gros vun den Transaktiounen nach ëmmer mat Schäiner a Mënze gemaach gëtt. D'Boergeld géif de Leit eng gewësse Fräiheet bidden, well et fir jiddereen zougänglech wier.

Besonnesch fir sozial Schwaacher an eeler Generatioune wier dës Weis, fir ze bezuelen, wichteg, sou d'ULC.

PDF: Offizielle Communiqué vun der ULC

Back to Top
CIM LOGO