Message vun der CGFP un de Formateur Luc FriedenOfschafung vun der Steierklass 1A an Upassung vun der Tabell un d'Inflatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Staatsbeamtegewerkschaft gesäit sech als parteipolitesch onofhängeg an ideologesch neutral.
© RTL Archiv

Ganz uewen op der Prioritéitelëscht gesäit och d’CGFP eng ëmfaassend Steierreform. Et kéint net sinn, dass d’Stéit bei den direkte Steiere fir 75% riicht musse stoen. Steiergerechtegkeet géif anescht ausgesinn. Eng déif gräifend Steierreform kéint et ouni d’Ofschafe vun der Steierklass 1A an dem Upasse vun der Steiertabell un d’Inflatioun net ginn.

Dobäi géif de Schong awer och nach op anere Plazen drécken. Zum Beispill am Wunnengsbau. Et kéint een der viregter Regierung net reprochéieren, komplett op deem Plang versot ze hunn. Och viru Blo-Gréng-Rout wier beim Logement net genuch geschitt. D’Gewerkschaft geet dervunner aus, dass bei all deenen Themefelder Léieren aus der Vergaangenheet gezu ginn. Dat wier och wichteg, fir den Erhalt vum soziale Fridden am Land.

Sujet bei der CGFP ass natierlech och d’Kéier vum Formateur Luc Frieden vu Steiererliichterung fir jiddereen, eriwwer bei de Constat, dass een an enger äusserst schwiereger finanzieller a wirtschaftlecher Situatioun wier. Dat géif Spillraum fir Spekulatiounen iwwer déi zukünfteg Finanzpolitik schafen. Austeritéit wier op alle Fall de falsche Wee. All Student an der Ekonomie géif am éischte Joer geléiert ginn, dass a schwieregen Zäiten nëmmen eng antizyklesch Budgetspolitik der Konjunktur den néidegen Driff fir ee stabillen a laangfristege Wirtschaftswuesstem ka ginn.

Generell sollt opgehale ginn, de Privatsecteur an den ëffentleche Secteur géinteneen auszespillen.

Bei all deenen Erausfuerderunge wier och ee staarke Staatsdéngscht mat enger CGFP als responsabelen an zouverlässege Sozialpartner onëmgänglech.

Back to Top
CIM LOGO