AccordOGBL an LCGB hunn en neie Kollektivvertrag mat Auchan Lëtzebuerg ënnerschriwwen
An der Haaptsaach gouf dofir gesuergt, dass d'Paien un déi lescht Hausse vum Mindestloun ugepasst goufen, an dass dat an Zukunft automatesch geschitt.
Domat ginn d’Paie vun de gutt 1.200 Salariéen tëscht 35 an 90 Euro de Mount an d’Luucht. Donieft kréien déi ronn 1.200 Salariéen an Zukunft méi Supplement, wa si sonndes schaffen, a jee no Anciennetéit kënnt och e Congésdag derbäi.
Hei ass d’Schreiwes