
E Mëttwoch de Mëtteg geet et an der Chamber an enger Aktualitéitsstonn, op d’Demande vun der CSV, ëm de Kafkraaftverloscht vun de Stéit. Den Ament drécke jo ënnert anerem d’Energiepräisser ferm op de Portmonni. An deem Kontext fuerdert den OGBL e Mëttwoch de Moien, datt net nëmmen d’Betriber, ma och d’Privatstéit Ënnerstëtzung bräichten.
Lëtzebuerg hätt sech nach am Hierscht zu Bréissel géint en Agrëff an de Marché ausgeschwat, mam Argument, d’Deierechtzoulag wier ëm 200 Euro eropgaangen. Dat géif awer bäi Wäitem net duergoen, fir dem Kafkraaftverloscht entgéintzewierken. Den Onofhängege Gewerkschaftsbond schwätzt sech notamment derfir aus, datt d’Regierung d’Energiepräisser, notamment de Pëtrol an de Gas, deckelt a fuerdert eng weider Verdueblung vun der Deierechtzoulag, réckwierkend op den 1. Januar. D’Plaffonge fir d’Hëllef missten och ugepasst ginn, fir datt méi Leit vun der Mesure profitéiere kéinten. Donieft missten och d’Steierkreditter, mat deenen d’CO2-Steier fir sozialschwaach Stéit kompenséiert gëtt, gehéicht ginn.
Am Virfeld vun der Diskussioun e Mëttwoch de Mëtteg hunn och déi Gréng an d’Jongsozialisten eng Rei Propose gemaach. Vun der Regierung huet ee vu konkrete Mesuren ze Lescht näischt héieren.