
RTL-News: Rechtssträit - Spidol um Kierchbierg entléisst Salariée wéinst 3G-Refus Esou een ass awer souwuel fir d'Personal, wéi och fir d'Dokteren, d'Patienten an d'Visiteuren zanter dem Covid-Gesetz vum Juni eng Obligatioun. Zanterhier war déi Concernéiert da krankgeschriwwen. Den OGBL seet, et géing sech hei wuel ëm méi e speziellen Eenzelfall handelen, ma warnt och, datt e CovidCheck-Regime nach kéint wéinst Onkloerheeten zu weidere Problemer féieren.
Eppes konkret zu dëser Affär wollt ee beim OGBL net soen. Just esouvill, datt et wuel wäert eng Virgeschicht ginn a wa juristesch Prozedure lafen, wier et elo um Geriicht ze tranchéieren. Den OGBL hätt sech ëmmer géint d'Aféierung vun engem CovidCheck an där Form gewiert, well dëse géing zu juristeschen Onsécherheete féieren, seet de Jean-Luc de Matteis vum OGBL. Mat dem Fall vun der Persoun, déi elo bei den HRS entlooss ginn ass, géing een dat jo gesinn an et kéime bestëmmt och nach aner dobäi, sou seng Aschätzung. Am Fall vun HRS hätt et 4 Méint nom Aféiere vum CovidCheck gedauert, bis et zu engem aarbechtsrechtleche Litige komm ass. Un de Käschte fir d'Tester kann dat awer net leien. Dës sinn nämlech fir d'Salariéen an d'Doktere gratis am Spidol.
Onofhängeg vun dësem Fall ass fir de Jean-Luc de Matteis vum OGBL awer kloer, datt de Gesetzestext ze vill Raum fir esou Situatiounen a Litigë léisst. D'Regierung hätt keng Diskussioune mat de Syndicaten an dem Patronat gefouert, fir e pragmatesche Modell ze fannen. A verschiddene Länner géing et eng kloer Hierarchiséierung vun de Mesurë ginn. "Do gëtt da gekuckt, a wann een zum Beispill kee CovidCheck huet, da kann ee villäicht net op enger Plaz schaffen. Da kann ee Congé huelen oder Teletravail maachen", erkläert de Jean-Luc de Matteis. Ma zu Lëtzebuerg hätt een einfach an engem Gesetz dräi Zeile gemaach, wou steet, datt den Employeur kann de CovidCheck aféieren, wann e wëll. Et wéisst een awer net, wat d'Mesurë sinn, wa Leit kee CovidCheck hunn. Sou kéint et sinn, datt deen een erausflitt, wärend deen aner am Teletravail schaffe kann.
Wei den OGBL wëll dann och d'Fédération des Hôpitaux zu der spezieller Affär bei den HRS keng offiziell Positioun bezéien. Déi zwee betounen awer, datt et sech hei géing ëm en Eenzelfall handelen. D'Leit an de Klinicke géingen de CovidCheck akzeptéieren an an de Spideeler wier den Impftaux héich.