
D’OGBL-Presidentin Nora Back seet sech op Nofro hin iwwerrascht iwwert dem Premier seng Invitatioun fir eng nei Tripartitesronn an den nächste Wochen. De Staatsministère hat jo e Mëttwoch no den neisten Inflatiounsberechnunge vum Statec matgedeelt, deemnächst eng weider Kéier d’Sozialpartner ze ruffen, well Enn des Joers eng drëtt Indextranche erfale soll.
Fir ze kucken, wéi dës Tranche, déi de Stéit zegutt soll kommen, kompenséiert géif ginn. D’Präisdeierecht schätzt de Statec fir dëst Joer op 3,4 Prozent. Dem Nora Back no wier een genee an deem Zenario, vun deem een am Accord vu September zejoert ausgaange wier.
Deemools wieren d’Inflatiounsprevisioune souguer nach méi schlecht gewiescht wéi elo. Besoin, fir ze schwätzen, wéi et d’nächst Joer weidergeet, géif et der OGBL-Presidentin no sécher ginn. Den Index steet fir den Onofhängegen Gewerkschaftsbond weider net zur Dispositioun.