De Statec huet e Mëttwoch seng nei Previsioun fir d'Inflatioun vun dësem an nächstem Joer publizéiert.

Dës soll dëst Joer bei 3,4 Prozent an d'nächst Joer bei 4,8 Prozent leien. Wéi de Staatsministère an engem Schreiwes matdeelt, géif aus dësen Zuelen ervirgoen, dass dëst Joer eng weider Indextranche erfale soll. Dat viraussiichtlech am véierten Trimester. Mat der Tranche, déi elo am Februar erfall ass an där vun zejoert, déi jo op den Abrëll verréckelt gouf, sinn et elo insgesamt 3 Tranchen, déi dëst Joer erfalen. Dem Statec no kéint am zweeten Trimester 2024 schonn nees eng weider Indextranche erfalen.

De Staatsminister berifft dann an den nächste Wochen eng weider Tripartite an. Am leschten Tripartitesaccord hat d'Regierung sech géintiwwer de Sozialpartner jo dozou engagéiert, datt de Staat de Betriber eng drëtt Indextranche kompenséiere géif.

D'Zil vun der nächster Tripartite wier et, d’Auslafe vun de Mesuren z'examinéieren. Dem Statec no géing d'Enn vun de Mesuren, dorënner d’Bremsen op d'Energiepräisser, riskéieren, d'nächst Joer en "Inflatiounsschock" ze verursaachen. Weiderhi wëll d'Regierung mat de Sozialpartner iwwer d'Modalitéite vun enger méiglecher Kompensatioun vun enger eventueller weiderer Indextranche schwätzen, déi integral fir d'Stéit applizéiert soll ginn.