
Et géif een dovunner ausgoen, datt d’Informatiounstafele mat enger Aaxt beschiedegt gi wieren. Doriwwer eraus wier probéiert ginn, am Aussiichtstuerm e Feier ze maachen. Och Graffiti ass do fonnt ginn, wéi op de Fotoe vun der Gemeng ze gesinn ass. “Well d’Spueren nach frësch sinn, huele mir un, datt dëst an de leschten 2-3 Deeg gemaach gouf”, esou d’Gemeng op Facebook.
Et wéilt een eng Plainte bei der Police maachen. Leit, déi um Léierpad eppes Opfälleges gesinn hätten, kéinte sech awer och bei der Gemeng ënnert der Nummer 921445 respektiv um 691 355 903 mellen.