Esch-UelzechtOnéierleche verschaaft sech Zougang zu engem Haus a klaut e Portmonni

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am Nomëtteg hat en Onéierlechen an der Rue Claire-Chêne zu Esch virginn, Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.

Op dës Manéier hat hie sech Zougang zu engem Haus verschaaft. Wéi hien dobanne war, hat hien d’Bewunnerin vum Haus no engem Glas Waasser gefrot. Wéi si kuerz aus dem Raum gaangen ass, fir d’Glas ze huelen, huet de presuméierten Täter Geleeënheet genotzt, fir der Fra hire Portmonni ze klauen a fortzelafen.

D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO