
Nodeems d’Affer vun der Bedruchsmasch bemol awer mësstrauesch ginn ass, huet dëst e Familljemember gefrot, kucken ze goen, ob alles an der Rei wier. Wéi dës op der Plaz ukoum, hunn d’Männer sech duerch d’Bascht gemaach.
Am Kader vun enger Sich vun der Police konnten déi zwee Déif awer gestallt ginn. Éischten Erkenntnisser no gouf näischt aus dem Haus geklaut, obwuel eng Rei Tiräng duerchsicht gi waren. D’Männer goufe protokolléiert.
Op hirem Site gëtt d’Police eng Rei preventiv Rotschléi, wéi ee sech virun esou Bedruchsmasche schütze kann.