Phishing SMSen am ËmlafOnéierlecher gi sech als Steierverwaltung aus, fir u Geld ze kommen

RTL Lëtzebuerg
An engem Communiqué deelt d'Administration des contributions directes mat, dass de Steierzueler nimools via SMS oder iwwer Email kontaktéiert gëtt.

Wéi et am Schreiwes vun der Steierverwaltung en Dënschdeg heescht, géifen et am Moment eng ganz Partie un illegale Phishing-Versich ginn.

Hei gi falsch SMSen u Steierzueler verschéckt, déi behaapten, dass ee Säitens der Lëtzebuerger Steierverwaltung Recht op e Remboursement huet a ginn dann iwwert e Link invitéiert e gefälschte Site ze besichen, dee sou ausgesäit wéi dee vu Guichet.lu. Um Site ukomm, gëtt de User dann opgefuerdert, seng Bank ze wielen a seng Donnéeë vu sengem perséinleche LuxTrust anzeginn.

Et gëtt kloer vun der Verwaltung betount, dass dës SMSen net vun der Steierverwaltung kommen. D’Steierzueler gi weder via SMS, nach iwwer Email vun der Verwaltung kontaktéiert. Wann iwwerhaapt, géifen dës iwwert de Postwee kontaktéiert ginn.

Éischte Reflex bei sou SMSen ass et, fir op kee Fall op de Link ze klicken, ma d’SMS selwer einfach ze läschen. Bei Zweiwel soll ee sech bei der zoustänneger Steierverwaltung mellen, dat ënnert enger vun dësen Nummeren:

- Luxembourg-Ville: (+352) 247-52475
- Capellen: (+352) 247-52490
- Clervaux: (+352) 247-52479
- Diekirch: (+352) 247-52481
- Differdange: (+352) 247-52486
- Dudelange: (+352) 247-52485
- Echternach: (+352) 247-52482
- Esch: (+352) 247-52474
- Ettelbruck: (+352) 247-52478
- Grevenmacher: (+352) 247-52483
- Mersch: (+352) 247-52489
- Pétange: (+352) 247-52487
- Rédange-sur-Attert: (+352) 247-52488
- Rémich: (+352) 247-52484
- Wiltz: (+352) 247-52480

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Administration des contributions directes

Attention aux SMS frauduleux (13.12.2022)
Communiqué par : Administration des contributions directesDes tentatives de phishing par SMS sont actuellement en cours. Des faux SMS sont envoyés faisant croire à leurs destinataires qu’ils ont droit à un remboursement de la part de l’Administration des contributions directes et les invitant à visiter un site web frauduleux qui ressemble à Guichet.lu. Sur ce site, l’utilisateur est ensuite invité à choisir sa banque et à entrer ses données de connexion LuxTrust. Ce n’est pas l’Administration des contributions directes qui envoie ces SMS.

L’Administration des contributions directes ne contacte pas les contribuables par voie de SMS ou par courrier électronique pour les remboursements. Les contribuables sont généralement contactés par voie postale.
Les bons réflexes à adopter:
• Si vous recevez un tel SMS, veuillez le supprimer et surtout ne pas cliquer sur le lien frauduleux.
• En cas de moindre doute, n’hésitez pas à contacter l’Administration des contributions directes pour vérification aux numéros ci-dessous.

- Luxembourg-Ville: (+352) 247-52475
- Capellen: (+352) 247-52490
- Clervaux: (+352) 247-52479
- Diekirch: (+352) 247-52481
- Differdange: (+352) 247-52486
- Dudelange: (+352) 247-52485
- Echternach: (+352) 247-52482
- Esch: (+352) 247-52474
- Ettelbruck: (+352) 247-52478
- Grevenmacher: (+352) 247-52483
- Mersch: (+352) 247-52489
- Pétange: (+352) 247-52487
- Rédange-sur-Attert: (+352) 247-52488
- Rémich: (+352) 247-52484
- Wiltz: (+352) 247-52480

Back to Top
CIM LOGO