
Donieft géingen déi falsch Beamte Fotoe maachen, mam Hannergrond besser Energiespuermesurë proposéieren ze kënnen an no Sue froen. Aktuell wieren awer keng Beamte vun der Gemeng Esch mat esou enger Aufgab chargéiert.
D’Gemengebeamte géingen iwwerdeems alleguer Lëtzebuergesch schwätzen a kéinte sech mat engem Badge ausweisen.
Ass ee sech net sécher, kann een ënnert den Nummeren 27 54 4600 an 27 54 4540 bei der Gemeng nofroen.
D’Police rappelléiert an deem Sënn, keng onbekannt Persounen eranzeloossen an all Verdächteger beim 113 ze mellen. Et ass net auszeschléissen, datt déi Onéierlech och an anere Gemengen ënnerwee sinn.