Police melltOnéierlecher no Abroch a Garage an no Klauen a Buttek festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Lampertsbierg hat d'Police zwou Persounen erwëscht, déi an eng Garage agebrach waren. Am Garer Quartier goufen zwee Leit nom Klaue verhaft.
© RTL (Archiv)

Géint 17 Auer e Mëttwoch haten am Stater Garer Quartier zwou Persoune probéiert, an engem Buttek fir Elektronik ze klauen. Si goufe vum Sécherheetspersonal gestallt an d’Police gouf alarméiert. An enger Tut, déi si bei sech haten, ware Saachen aus engem Sportsbuttek, déi wuel och geklaut waren. De Parquet gouf iwwert dës Doten informéiert an ee vun den Déiwe koum op Schraasseg an de Prisong, deen aneren, well en nach mannerjäreg war, gouf op Dräibuer geschéckt. Déi volljäreg Persoun huet dann um Donneschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Géint Mëtternuecht gouf d’Police alarméiert, well Géigestänn aus enger Garage um Lampertsbierg geklaut goufen. No enger kuerzer Sich goufen zwou Persounen am Kreesverkéier Robert Schuman gestallt, déi esouwuel déi geklauten Autosdeeler, wéi och Geschier, wat ee fir en Abroch brauch, bei sech haten. De Parquet gouf alarméiert, d’Saache goufe séchergestallt a béid Persoune wäerten en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter kommen.

Da mellt d’Police nach, datt e Mëttwoch den Owend eng Persoun zu Schëffleng an eng weider zu Suessem de Permis ofgeholl kruten, well se ze vill gedronk haten an trotzdeem sech hannert d’Steier gesat hunn.

Back to Top
CIM LOGO