Médecins du MondeONG wënscht sech hir Aarbecht wier zu Lëtzebuerg net néideg

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun suergt dofir, datt all Mënsch medezinesch Hëllef kritt, och Leit, déi keen Accès zur Gesondheetsversuergung hunn.
© RTL-Archivbild

“Et ass traureg a grav, datt et an engem räiche Land eng humanitär ONG brauch wéi Médecins du Monde”, dat seet hire President, den Dokter Bernard Thill.

Médecins du Monde zu Esch / Reportage Dany Rasqué

Am Joer kréien eng 1200 bis 1400 Leit an de Strukturen an der Stad an zu Esch gehollef an d’Associatioun geet dovunner aus, datt d’Donkelziffer vu Leit, déi Hëllef bréichten, vill méi héich ass.

Zu Esch ass Médecins du Monde geplënnert an ass elo matzen am Zentrum ze fannen, direkt beim Friddensgeriicht an der Gemeng. Déi nei Struktur gouf e Freideg ageweit.

Zënter Ufank August ass deen neie Centre medical op Nummer 3 an der Quartiersstrooss. An engem Haus, dat d’Gemeng op d’mannst déi nächst 15 Joer zur Verfügung stellt.

Den Ament sinn d’Consultatiounen all Donneschdeg tëschent 10 an 12 Auer, mä déi zwou Stonne ginn net méi duer, esou den Dokter Bernard Thill. All Woch géife bis zu 15 Mënschen an der Struktur zu Esch passéieren.

“Et ass ganz kloer, datt dat net duer geet mat enger Consultatioun d’Woch. Vum November u gëtt et eng zweet zu Esch a mir maachen och “soins de rues” zu Esch, well dat och néideg ass. De Problem vun Aarmut hëlt zou.”

Der ONG fält op, datt ëmmer méi Fraen an d’Consultatioune kommen an och ëmmer méi Famille mat Kanner.

D’Hallschent vun de Patienten ass chronesch krank, dacks sinn et awer och Erkältungen oder Blessuren, déi musse behandelt ginn.

Nieft de kierperleche Krankheeten hunn d’Leit och mentaler.

90 Prozent hätten duerch d’Aarmut psychesch Problemer, seet de Bernard Thill, an déi grouss Suerg wier ëmmer wéi et géif virugoen.

“Wéi liewen ech muer? Wou kréien ech eppes z’iessen a wou kann ech eventuell schlofen? Dat sinn existenziell Suergen, déi d’Leit mat sech droen an dir kënnt iech virstellen, datt dat op d’psychesch Gesondheet dréckt. Massiv, wann ee keen Auswee weess an een op där anerer Säit och keng Méiglechkeet huet, puer Suen ze verdéngen.”

Et spiert een, datt den Engagement vu Médecins du Monde vun Häerze kënnt, mä am Léifsten hätt de Bernard Thill, wann et d’ONG hei am Land net misst ginn.

“Eigentlech géif ee sech wënschen, datt mir als Médecins du monde zu Lëtzebuerg net néideg wieren, datt dat wat mir maache selbstverständlech vun der Gesellschaft géif en charge geholl ginn an datt keen op der Strooss misst vegetéieren oder misst fäerten, do ze stierwen.”

Médecins du Monde mécht en Appell un d’Politik, fir e méi inklusive Gesondheetssystem ze suergen a mécht eng Rei Recommandatiounen. Zum Beispill soll de Pilotprojet vun der CUSS eng legal Basis kréien, et solle Laangzäitlogementer geschaf gi fir Leit, déi schwéier krank sinn, a jiddereen, deen hei am Land lieft, soll Accès zu sozialer Hëllef hunn, onofhängeg vum administrative Statut.

Back to Top
CIM LOGO