RegierungsrotONGe kréie méi héijen Taux vun hire Administratiounskäschte rembourséiert

RTL Lëtzebuerg
De Regierungsrot huet e Gesetzesprojet ugeholl, mat deem ONGen an Zukunft 15 Prozent vun hiren administrative Fraise vum Staat kënne rembourséiert kréien.
© RTL-Archiv

Bis ewell louch dës Limitt bei 14 Prozent.

D’Garantië fir Prête fir Entreprisen, déi wéinst den héijen Energiepräisser Liquiditéitsproblemer hunn, ginn iwwerdeems ëm ee Joer verlängert.

E weidere Gesetzesprojet gesäit vir, dass et bei enger Police-Kontroll an Zukunft duergeet, wann een eng digital Versioun vu sengem Führerschäin derbäi huet.

Ausserdeem goufen déi nei Teletravail-Reegele fir d’Staatsbeamten ugeholl.

PDF: Regierungsrot

Back to Top
CIM LOGO