
Der Asti no mussen déi Kanner, déi Schwieregkeeten an der Schoul hunn an net onbedéngt eng Persoun doheem hunn, déi hinne beim Léieren hëllefe kann, Hëllef ugebuede kréien. Op Grond dovun an op Demande vun der Stad Lëtzebuerg hin huet d'Asti decidéiert, en Online-Projet ze lancéiere fir déi Kanner, déi an der Stad Lëtzebuerg an de Fondamental ginn.
Wärend der Summervakanz sollen d'Kanner op spilleresch Manéier zum Beispill d'Matière vun dësem Joer widderhuelen, awer och liesen, schreiwen a schwätzen an de Sproochen, déi am Fondamental ënnerriicht ginn.
D'Offer gëllt fir all d'Kanner aus dem Fondamental, déi an eng ëffentlech Schoul an der Stad ginn, och fir de Cycle 1. D'Asti ass der Meenung, datt et wichteg ass, datt d'Kanner op spilleresch Manéier d'Lëtzebuerger Sprooch léieren, Geschichten héieren a sou weider, fir datt se gutt preparéiert an de Cycle 2 kommen.