Life ASBLOp Béigen sollen nach dëst Joer 2 Familljen an eng Co-Locatioun wunne kommen

Claudia Kollwelter
D'ASBL Life huet als Zil, d'Wunngemeinschaften ze fërderen, fir datt méi Leit abordabel logéiere kënnen.
© Archivfoto

Et ass antëscht déi drëtt Acquisitioun vun der ASBL an déi zweet Konventioun, déi se mam Logementsministère ënnerschriwwen hunn. 1,3 Milliounen huet d’Haus zu Béigen kascht, wouvun de Ministère 75 Prozent finanzéiert. Op ronn 300 Meter Carré kënnen zwou Familljen wunnen.

WG Projet - E Reportage vum Claudia Kollwelter

D’Nathalie Reuland vun der ASBL Life:

“Si kënnen ënnen e grousse Living an eng Kichen deelen, e Gaart an eng Wäschkichen. An all Famill huet dann e Stack mat Schlofkummeren a Buedzëmmeren.”

Vue datt et op nationalem Plang nach keng Legislatioun fir WGe gëtt, géif et de Moment un de Gemengen eenzel leien, wéi dës gehandhaabt ginn an ob se iwwerhaapt oppen dofir sinn oder net. D’ASBL huet aktuell 40 Wunnengen, déi si bei private Proprietäre lounen:

“Mer hunn eng 30 WGen an déi aner Wunnenge sinn u Famillje verlount. Et ass am Fong en Outil, fir de Leerstand ze bekämpfen. An dat funktionéiert gutt de Moment.”

D’Nofro ass awer och grouss - mat aktuell 500 Demanden. Do misst een den Urgencen nogoen:

“Vill Famillje waarde scho laang a Flüchtlingsstrukturen op eng Léisung. Da fäerten och vill Familljen, datt Kanner placéiert ginn. Dat ass en enorme Stress an Drock.”

Fir weider Eefamilljenhaiser wéi dat an der Gemeng Wëntger kënnen a Colocatioun ze ginn, ass d’ASBL weider a Gespréicher mam Logementsministère, ënnerschiddleche Gemengen a Proprietären.

Back to Top
CIM LOGO