Am Volleksmond gëtt de Mëllerdall jo als déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz bezeechent. Dës Regioun gehéiert zanter 2022 zum UNESCO Global Geopark. 256 Quadratkilometer grouss ass en. 11 Uertschaften aus dem Oste vum Land an 22 Geotope gehéieren zum Geopark Mëllerdall. Een dovunner ass de Geopad Haupeschbaach/Halerbach.
Op iwwer 14 verschidde Statioune leiert een an dësem Geotop eppes iwwer d’Geologie, d’Botanik, d’Planzen an d’Déieren.
Am Ganze ginn et 213 Geoparken an 48 verschiddene Länner.
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - Flott Ausstellung zu Beefort
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - D’Steekaul, ee vun 22 Geotopen
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark Mëllerdall - En Tour duerch de Musée Henri Tudor
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Natur a Geologie
Serie Geoparken: Unesco Global Geopark – Groussregioun: Ënnerwee an de belschen Ardennen