Gedenken un d'Mahsa AminiOp der Clairefontainesplaz gouf op d'Mëssstänn am Iran opmierksam gemaach

RTL Lëtzebuerg
Op der Clairefontainesplaz an der Stad gouf en Donneschdeg den Owend der verstuerwener Mahsa Amini geduecht.
An der Stad gouf der verstuerwener Mahsa Amini geduecht
D’Protestaktioun en Donneschdeg den Owend op der Clairefontainesplaz gouf vun der Associatioun vun iranesche Studenten zu Lëtzebuerg organiséiert.

Déi jonk Fra war de 16. September zu Teheran gestuerwen. Nodeems se vun der Sittepolice festgeholl gi war, well se déi streng Kleederuerdnung net respektéiert soll hunn.

Gedenken un d’Mahsa Amini / Reportage Anne Wolff

D’Protestaktioun en Donneschdeg den Owend op der Clairefontainesplaz gouf vun der Associatioun vun iranesche Studenten zu Lëtzebuerg organiséiert. Nieft dem Gedenken un d’Mahsa Amini gouf och op déi onmënschlech Zoustänn am Iran opmierksam gemaach. Et goufe jo massiv Protester am Land nodeem déi 22 Joer al Fra gestuerwen ass. D’Manifestatioune sinn doropshi vun den iraneschen Autoritéite brutal néiergeschloe ginn, mat souguer Doudesaffer.

Back to Top
CIM LOGO