Eng Grupp an enger App fir Messagen ze schreiwen, an där sech iwwer d’Sécherheet an d’Propperheet op der Gare ausgetosch gëtt, huet mëttlerweil iwwer 700 Memberen.
E Social Media Account zum selwechten Thema huet an déi 5.000 Follower. D’Initiateuren dovun hunn e Samschdeg zu enger Demonstratioun opgeruff. Gefuerdert gouf notamment méi Policepresenz, esou d’Laurence Gillen, déi d’Manifestatioun mat organiséiert huet a selwer DP-Kandidatin bei de Gemengewale war. Et misst een awer och den Drogesüchtegen hëllefen.
“Et si Leit, déi si krank, wann een dat esou kann ausdrécken, a wann een hinnen net hëlleft, da geet näischt besser. An déi drëtt Saach wär dann effektiv, datt mer net 30 Dealeren op der Strooss hätten, dat wär och flott well se verkafen, jiddweree weess et, jiddweree gesäit et, mee et ass net legal, firwat sinn se op der Strooss a firwat däerfen se, entre guillemets, mee verafen.”
Och déi Lénk hunn un der Demonstratioun deelgeholl. Et wier e Problem vun ëffentlecher Gesondheet. D’Partei huet awer am Virfeld op enger Pressekonferenz ënnerstrach, datt méi Repressioun a méi Police fir si keng Léisung ass. An de Stater Schäfferot wier Deel vum Problem. D’fréier Gemengeconseillère Ana Correia:
“Amplaz déi hallef Millioun a privat Sécherheetsfirma eranzestiechen, hätt ee besser gehat, eben eng Equipe de choc op d’Been ze stellen, déi sech wierklech just ëm de Quartier Gare an déi Nopeschquartiere këmmert, fir déi wierklech 24 Stonnen op 24 propper ze halen. Fir eis ass et awer och immens wichteg, dass déi Leit, déi do agestallt ginn, och deementspriechend eng Prime de risque kréien.”
Weider fuerderen déi Lénk méi ëffentlech Toiletten a mobil Statioune fir Sprëtzen ze tauschen. Déi dräi Léisunge wiere ganz séier ëmsetzbar.
Problematesch Aussoen a What’s App-Grupp?
D’What’s App Grupp, déi vun ënnert anerem der Laurence Gillen gegrënnt gouf, stoung schonn zum Deel an der Kritik. Am Lëtzebuerger Land war rezent ze liesen, datt et ëmmer nees zu rassisteschen an auslännerfeindlechen Aussoe géing kommen.
Iwwerdeems wier eng LSAP-Politikerin aus der Grupp ausgeschloss ginn. Dat wier awer net express geschitt ma e Versinn, esou d’Laurence Gillen op Nofro hin. Fir ze verhënneren, datt et zu inacceptabelen Aussoe kéim, hätt een iwwerdeems d’Moderatioun ugepasst.
“Do hu mer e puer Moderateuren, déi geet da vu 7 bis 9 op moies an owes och, an do sinn da Moderateure fir ze kucken ob do näischt Schlëmmes geschriwwe gëtt. Wann dann entweeder gëtt de Message geläscht oder et gëtt eng Remark dozou gemaach. Virdrun hate mer d’Grupp de ganzen Dag op, an do waren effektiv sou Saachen erakomm, wou mer net esou frou driwwer waren, dofir hu mer elo Horaire gemaach.”