Den Hotel mat enge 60 Zëmmer soll hannert der Piko-Schwämm an dem Futtballsterrain entstoen. En ënnerierdeschen Tunnel soll d’Haaptgebai mat engem Wellness-Beräich verbannen. Dat Ganzt op enger Surface vun 72 Ar. Den Hoke beim Projet ass, datt deen Terrain an enger Natura-2000-Zon läit. D’Gemeng Péiteng huet en Avis favorable fir eng Baugeneemegung ginn. Grad dat stéisst bei de Membere vu béide Biergerinitiativen Doihl a Kordall op Widderstand.
Fir en Donneschdeg den Owend invitéiere si op en Diskussiounsowend bei de Scoutschalet an den Doihl. Also do, wou den Hotel geplangt ass, fir iwwer d’Pläng vun der Gemeng ze Informéieren. Mat am Mëttelpunkt dem Impakt op d’Natur. An iwwert dëse konkreete Projet eraus, dem Ëmgang mam Naturschutzgesetz. D’Biergerinitiative wëllen net just kritiséieren, si wäerten och en alternative Site proposéieren.
De Péitenger Schäfferot reagéiert kuerz virun der Informatiounsversammlung vun de béide Biergerinitiativen Dhoil a Kordall schrëftlech a geet op “falsch” Interpretatiounen an, déi d’Leit “kéinten an d’Ier féieren”.