Uebstrecolte 2026Op der Plantage zu Lampech sinn d'Äppel deels méi kleng wéi soss

Emmanuelle Schmit
D’Äppel hänken um Bam, d’Biere si bal prett fir d’Recolte. Zu Lampech kuckt de Lëtzebuerger Landesuerbstveräin zesumme mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op d’Recoltejoer.
© Emmanuelle Schmit

Dobäi geet et net nëmmen ëm d’Qualitéit an d’Quantitéit vum Uebst, mee och ëm d’Fro, déi fir d’Produzenten ëmmer méi wichteg gëtt: D’Waasser.

An der Uebstplantage zu Lampech hänken d’Äppel nach un de Beem, ma dëst Joers si se net iwwerall esou grouss wéi soss. De Grond : e ganz waarmen an dréchene Summer. D’Produktioun ënner fräiem Himmel bleift domat eng konstant Erausfuerderung. De Jean-Claude Muller, President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin zitt fir dëst Joer de Bilan:

"Also prinzipiell ass d’Recolte e bëssi méi kleng wéi d’lescht Joer. D’lescht Joer war natierlech eng enorm grouss Recolte 2025. Mee dëst Joer wäerten, och wann d'selwecht vill Äppel um Bam sinn, wat meeschtens nach de Fall war, bleiwe se einfach méi kleng."

Ee grousse Punkt ass a bleift d’Waasser. D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen erkläert, wéi d’Politik den Uebstbaueren hëllefe kann :

"Dass mer dat Waasser, wann et ze vill do ass, ze vill reent, mol de Wanter, dass mer dat do kënne späicheren, an dass mer et da kënnen notzen, wann et gebraucht gëtt. Wéi gesot, mir sinn eis all bewosst, een deen Uebst baut, een dee Geméis ubaut, dee brauch Waasser, also musse mer alleguer déi Léisungen, déi do sinn, Quellen, déi kënnen erfaasst ginn, déi kënne benotzt ginn, all dat musse mer notzen, fir virun allem kënne Bassengen ze bauen, fir d’Waasser opzefänken, well mer sollen och verhënneren, dass ze vill Drénkwaasser gebraucht gëtt fir ze nätzen, well Drénkwaasser brauche mer och fir ze drénke fir d’Leit."

Gläichzäiteg hu sech d’Schutznetzer géint Knëppelsteng dëst ’Joer als zousätzleche Virdeel erausgestallt: Si schützen net nëmme viru Knëppelsteng, mee ginn och Schied a schützen d’Äppel virun ze vill Sonn. Bei der Recolte kënnt et op de richtege Moment un. Mee wéini erkennt een eng gutt Qualitéit ?

De Jean-Claude Muller:

"Wann eng Fruucht eng gutt Qualitéit huet, ma éischtens gesäit se bausse gutt aus, dat ass awer net d’Haaptsaach, mee wéi schmaacht se mir ? Ass se gutt säfteg, ass se séiss, schmaacht se nom Appell, wéi ech mer dat virstellen ? Dat ass eng gutt Qualitéit, och wann den Äppel mol vläicht eng kleng Plaz huet, deforméiert ass, dat ass am Fong kee Qualitéitsmerkmal."

De waarme Summer huet nach eng weider Konsequenz: et goufe vill Mais, déi Lächer am Buedem hannerloosst hunn an domat d’Wuerzele vun de Beem beschiedege kënnen.

Trotz enger méi klenger Recolte sinn d’Produzente beim Goût optimistesch. De Summer 2026 weist nach eng Kéier, wéi wichteg Waasser a Schutz virun der Hëtzt fir den Uebstbau zu Lëtzebuerg ginn.

Back to Top
CIM LOGO