
Géint 20.40 Auer e Samschdeg den Owend krute sech kuerz nom Sennengerbierg a Richtung Däitschland zwee Ween ze paken. Dräi Leit si wéi gesot dobäi verwonnt ginn. Direkt zwee Noutdoktere vum Stater Samu waren op der Plaz, wéi och d’Secouristen aus der Stad a vun Nidderaanwen.
Géint 00.50 Auer ass dann nach en Auto op d’Kopp gaangen, dat um CR106 tëscht Habscht a Schweech. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen. D’Pompjeeë vu Stengefort a Biekerech waren am Asaz.
E Sonndeg am Nomëtte géint 13.17 Auer gouf et eng Chute vun engem Motorradschauffer tëschent Furen a Veianen. Hie gouf dobäi blesséiert.
E weidere blesséierte Motorradsfuerer gouf et géint 17.02 Auer tëschent dem Wäissenhaff an dem Riesenhaff. Hei sinn zwee Motoen aneneegerannt.