Raum Béiwen/LéifregOp en Neits huet et am Bësch gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi et e Freideg de Moie geheescht huet, gouf et eng gréisser Dampentwécklung. D'Pompjeeë waren op der Plaz.
Eng Foto vum Bësch nom Brand vun e Mëttwoch.
Eng Foto vum Bësch nom Brand vun e Mëttwoch.
© CGDIS Archiv

Wéi de CGDIS schreift, gouf d'Feier géint 9.09 Auer zu Béiwe gemellt. D'Pompjeeë vu Bauschelt, vum Stauséi, de Chef de peloton an d'Police waren op der Plaz. Et gouf kee blesséiert.

E Mëttwoch ware jo schonn op där Plaz beim Stauséi zwee Hektar Bësch verbrannt. 10 Persounen hate missten evakuéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO