
An de leschten Deeg huet op Facebook ee Bäitrag vun der Säit “Nouvelles-Luxembourg” d’Ronn gemaach an deem behaapt gëtt, de Grand-Duc Henri hätt decidéiert, fir den Anniversaire vun der Grënnung vu Lëtzebuerg Awunner vum Land a Lëtzebuerger am Ausland 3.000 Euro ze schenken. Fir hire Kaddo ze kréien, misste Leit iwwer 18 hir Donnéeën iwwert ee Link aginn.
De supposéierte Message vum Grand-Duc ass awer eng Fälschung, wéi och d’Police bestätegt. D’Police warnt, datt virun allem Annoncen, déi ze gutt kléngen, fir wouer ze sinn, Fälschunge sinn. Och bei Offeren no deenen een net gefrot huet, oder Leit, déi een net kennt, sollt ee virsiichteg sinn. Dacks wieren och Schreiffeeler ee Warnsignal op Arnaquen. Weider Infoen dozou, wéi een Arnaquen erkennt, fannt Dir hei um Site vun der Police.
