Am Februar dëst Joer hunn eng 12 Bierger aus dem Mëllerdall eng Energie-Kooperativ gegrënnt, fir esou aktiv de Klimaschutz z'ënnerstëtzen.
Zu Zëtteg, an der Gemeng Bech, gouf um Daach vun der Kläranlag Enn Oktober eng Photovoltaik-Anlag installéiert. Et sinn eppes iwwer 90 Panneauen. Ronn 39 Dausend Euro huet dëse Projet kascht. Am Januar kann dëse Projet vun der Creos un d'Netz goen.
7 Eefamilljenhaiser kënnen duerch dës Anlag mat Stroum iwwer d'Joer versuergt ginn.
70 Memberen huet d'Energie-Kooperativ "Energiepark Mëllerdall". Allerdéngs ginn nach Leit gesicht, déi dëse Projet matënnerstëtze wëllen. Eng Part kascht 100 Euro.
Bei dësem Photovoltaik-Projet geet et an éischter Linn och drëms, d'Nohaltegkeet ze fërderen. Dat heescht Regiounen ewéi Natur- a Nationalparken op hirem Wee Richtung Null Emissiounsgebitt z'ënnerstëtzen.
Esou änlech Projete ginn ë.a. och zu Bäerdref, Konsdref, Hiefenech a Buer geplangt an ëmgesat.
