
Um Territoire vun der Haaptstad goufen et e Freideg tëscht 22 an 23 Auer direkt e puer Attacken op Leit.
Um Lampertsbierg, op der Kräizung Schumann, an der Avenue Pescatore a bei der Kathedral goufe Leit vun Onbekannte beim Versuch, si ze iwwerfalen, agresséiert. All d’Affer hate Blessuren am Gesiicht.
Bei enger grousser Sichaktioun vun der Police konnten zwee presuméiert Täter beim Busarrêt Roosevelt gestallt ginn, wou si an eng weider Ausernanersetzung verwéckelt waren.
Beim presuméierten Haapttäter handelt et sech ëm e Mannerjäregen. Hie gouf an d’Unitéit UNISEC op Dräibuer bruecht.
Da mellt d’Police nach, datt am Garer Quartier an der Stad en Déif, deen a engem Geschäft klaue wollt, verhaft konnt ginn. E Sécherheetsbeamte vum Buttek hat de Mann géint 17.30 Auer beim Klauen erwëscht a konnt dëse stellen, trotz hefteger Géigewier, bis d’Police do war. Beim Mann goufe verschidde geklaute Géigestänn festgestallt, de Parquet huet hien doropshi verhafte gelooss.
Am Bulletin vun der Police stinn dann och nach Abréch, dat ënner anerem zu Keel an um Lampertsbierg.