Lëtzebuerger AussepolitikOppositioun reagéiert op Deklaratioun vum Jean Asselborn

Claudia Kollwelter
"Mir kommen an der EU net richteg weider, well mer keng gemeinsam Aussepolitik hunn." Dat war ee vun de Constate vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler.
© MAEE

Reaktiounen op Deklaratioun / Rep. Claudia Kollwelter

De Rôle vun der europäescher Unioun war ee vun den zentralen Themen e Mëttwoch, wéi iwwert d'Deklaratioun zur Aussepolitik debattéiert gouf. Souwuel de Claude Wiseler, wéi och den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten hunn ënnerstrach, datt d'Unanimitéit am EU-Conseil bei aussepolitesche Froe problematesch wier:

"Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mer laangfristeg besser drun dinn, als EU reaktiv ze sinn, wéi op eise Veto ze pochen an d'EU weider handlungsonfäeg bleift. Fir international eng Roll ze spillen, brauche mer e gemeinsame Projet, e politesche Volet, fir datt d'EU sech an der Welt behaapte kann. Dat ass mat déi gréissten Erausfuerderung."

Den ADR Deputéierte Fernand Kartheiser huet dorop reagéiert a betount, datt d'EU lues a lues auserneen drift:

"Wien op de Wee geet vu qualifizéierte Majoritéitsdecisiounen, dee riskéiert Konfliktstoff an Europa eranzebréngen. Den Här Asselborn weess dat ganz gutt, well en dat 2015 mam Asylrecht probéiert huet. Länner wëllen net an engem Ministerrot decidéieren, mä sou vill wéi méiglech um Niveau vun de Staatspresidenten a Premieren, well do de Prinzip vun der Eestëmmegkeet gëllt." D'Fro vun der Kohärenz war och e Sujet, op deen ënnert anerem d'Nathalie Oberweis vun déi Lénk agaangen ass. Et kéint een net eppes priedegen, an dann eppes aneres maachen:

Et ass d'Zäit, fir d'Wierder duerch d'Doten ze ersetzen, a wann d'Wierder näischt bréngen, muss ee vläicht Konstitutionalitéite setzen: Keng EU-Gelder, wann d'Mënscherechter net respektéiert ginn a wa kee Rechtsstaat besteet. A kéint dat net och fir Net-EU Länner gëllen, déi eis frëndlech gesënnt sinn?

Den Ausseminister Jean Asselborn huet dorop geäntwert a betount, datt ee fir Sanktiounen ze decidéieren, zum Beispill fir Israel, Unanimitéit bräicht, an dat an der EU momentan einfach net realistesch wier.

Mir si mat villen eenzele Punkte vun der Deklaratioun iwwert d'Aussepolitik d'Accord, et feelt eis allerdéngs u Koherenz, sou de Claude Wiseler. D'Aussepolitik géif déi ganz Regierung concernéieren, huet de Claude Wiseler betount.

Haut huet een d'Impressioun, datt jidder Minister säi Match mécht. Den Energie-, Ëmwelt-, Defense- Kooperatiouns-, Ekonomie- a Finanzminister sinn all an der Aussepolitik ënnerwee, mä ech hunn net Gefill, datt dat koherent, zilstrebeg ass oder eng Aussepolitik aus engem Goss ass, sou den CSV-Politiker.

Reaktioun vum Claude Wiseler

Et bräicht een der CSV no eng aussepolitesch Strategie vum zoustännege Ministère, un déi sech déi ganz Regierung hale misst, betount de Claude Wiseler.

Back to Top
CIM LOGO