Corona-GesetzOppositioun: Texter si schlecht geschriwwen an net koherent

Caroline Mart
E Méindeg musse se gestëmmt ginn, déi prinzipiell Covid-Gesetzer, fir dann de 25. Juni a Kraaft ze trieden, nom Enn vum Etat de Crise.
Covid-Gestzer: Oppositioun ass net zefridden
D’Regierung wéist zanter dräi Méint, datt dëse Moment géif kommen, ma d’Projete vun de Covid-Gesetzer gesinn aus, wéi wa se an Urgence geschriwwe gi wieren.

Déi entspriechend Projete sinn an der Urgence geschriwwe ginn, dat sot jo de Staatsrot a sengem Avis an huet och selwer dofir net kënnen am Fong op allen Artikele säin Avis ofginn.

Wat seet d’Oppositioun zu där Aart a Weis virzegoen? Nodeem Chamber am Ausnamezoustand jo komplett ausgebremst war an d’Regierung quasi eleng decidéiere konnt, ass d’Schaffen awer och elo nach net normal.

Beklot gëtt e komplette Manktem un Informatioun, dass d’Texter schlecht geschriwwen an net koherent sinn an dat, obschonns jo schonn 3 Méint laang gewosst war, dass dëse Moment géing kommen, an dass de Virus och nom Etat de Crise net géing einfach esou verschwannen.

Mam Claude Wiseler vun der CSV, Marc Baum vun déi Lénk, Sven Clement vun de Piraten a Roy Reding vun der ADR kritizéiere véier Oppositiounspolitiker ganz kloer dës Covid-Texter an och d’Haltung vun der Regierung an der Corona-Kris.

RTL.lu: Zeréck an d’Normalitéit: Chamber stëmmt Gesetzer fir Zäit nom Etat de crise

Back to Top
CIM LOGO