Et misst een awer nach déi genee Detailer ofwaarden, iert een decidéiert, ob een den Text matstëmmt, heescht et bei der gréisster Oppositiouns-Fraktioun.
Bei de PCR-Tester zum Beispill muss fir d'CSV séchergestallt sinn, datt Leit mat Symptomer sech och an Zukunft gratis kënnen teste loossen.
D'Co-Fraktiouns-Presidentin Martine Hansen mécht sech dann och Gedanken iwwer d'Schoul-Rentrée:
Well déi véiert Well sech annoncéiert, wier et besser gewiescht, mir hätten de Covid-Check-Regime an de Lycéeën agefouert, fir do d'Schoul méi sécher ze maachen. Mir wësse genee, datt d'Schoul awer dozou bäigedroen huet, datt déi zweet Well sou komm ass, wéi se komm ass. An de Klinicke musse mer e Covid-Check-System fir jidderee kréien dee ra geet, dat muss mat dësem Gesetz garantéiert sinn. Deen Text hu mer nach net, dat wësse mer nach net an dofir waarde mer lo mol drop fir deen Text ze gesinn.D'ADR kann och prinzipiell mat den Ännerunge liewen. Allerdéngs gesäit den Deputéierte Jeff Engelen et weider kritesch, datt Privatleit kënne Schnelltester duerch féieren.
Wann ech elo an e Restaurant ginn, da kontrolléiere Privatleit meng perséinlech Donnéeën. Do hate mir ëmmer eis Bedenken an dat wäerte mir och warscheinlech bäibehalen.
Dofir wäert een dat nei Gesetz warscheinlech och net matstëmmen, sou nach de Jeff Engelen. D'ADR stéiert sech och weider drun, datt d'Leit Fräiheeten ewechgeholl kréichen.
Um Mëttwoch am Nomëtteg hunn de Premier Xavier Bettel, an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert de Projet de loi fir d’Verlängerung vum Covid-Gesetz presentéiert. Bis den 18. Oktober soll dësen da gëllen. Zu groussen Iwwerraschunge koum et awer net. Domat hat d’Oppositioun och net gerechent, well sech jo och net vill un der Pandemie-Situatioun geännert hätt.
Dass an 2 Wochen d’Covid-Tester awer solle fir d’Leit payant ginn, fënnt déi Deputéiert Nathalie Oberweis vun deene Lénken net den ideale Wee. Et géing ee sech schwéier mat esou enger Entscheedung dinn.
Well et jo awer eng gewëssen Diskriminatioun mat sech bréngt, fir déi Leit, déi sech net wëllen impfe loossen, aus wéi enge Grënn och ëmmer. Och wann Déi Lénk fir d’Impfung sinn, ass et e bëssi onglécklech, wéi d’Leit awer dozou gedréckt ginn, sech impfen ze loossen. Ech fäerten, dass déi ganz Pandemie dozou féiert, dass eis Gesellschaft ëmmer méi gespléckt gëtt.
Déi Deputéiert hätt sech gewënscht, dass ee géing probéieren, mat de Leit ze diskutéieren a se vun enger Impfung ze iwwerzeegen. Dogéint gesäit den Deputéierte Sven Clement vun de Piraten et awer als logesch Konsequenz, dass Leit, déi sech kënnen, awer net wëllen impfe loossen, solle fir hiren Test bezuelen. Et wier schliisslech net un der Allgemengheet dofir opzekommen.
Hien huet awer nach en anere Punkt un der Aarbecht vun der Regierung ze kritiséieren:
Wat mir weiderhi vermëssen ass, dass d’Regierung eis net seet, ob se iergendwellech Stufe virgesinn huet, wéini se wëll agräifen. Mer sinn nach ëmmer an deem vage System, wou ee seet: Jo, mir kucken all eis Indicateuren a wann een derapéiert, da reagéiere mer. Mir wéilten do no annerhallwem Joer e bëssi méi Proaktivitéit gesinn. E bëssi méi Kommunikatioun no baussen: Wéini gräift wat?
Och de Covid-Check misst souwäit iwwerduecht ginn, dass et net um Wiert vum Café wier, ze kontrolléieren, ob d’Gäscht de Schnelltest richteg maachen. D’Schnelltester op der Plaz, déi net zertifiéiere sinn, wieren dofir generell a Fro ze stellen.
