
Mam “Urban Food Village” verkierpert déi drëtt Hal wuel am beschten den Esprit vum Springbreak-Festival: zesummekommen, sech austauschen, Konferenze lauschteren, participéieren a feieren.
En Donneschdeg den Owend war eng Konferenz mam Peter Hinssen iwwer Innovatioun an Disruptioun an enger Welt, déi sech permanent verännert. E Freideg den Owend ass eng grouss Party mam Ultraschall Collective. Et gëtt awer och en Escape Room an e sougenannte “Speakeasy” - e verstoppte Bar. Et ass e participative Festival, betount de Morgan Gromy, Direkter vu Luxexpo The Box.
E konkret Beispill: um Stand vun der urbaner Konscht kann ee sech um digitale Molen ausprobéieren. Just niewendrun: Street Art, Konscht op Skateboarden... An der éischter Hal iwwerdeems bitt de Weltmeeschter Viki Gomes BMX-Coursen un. Fir de Weekend huet hien seng Kolleegen aus dem internationale Profisport fir eng Show an d’Luxexpo invitéiert.
De Springbreak-Festival ass awer och eng Plaz fir anzekafen. Eng 130 Händler si present. Dorënner och Reesagencen. Ee ganze Beräich ass fir “Fair Trade"-Kleeder reservéiert a kleng Konferenzen zum Sujet. Dernieft goufe jonk Lokal Designer invitéiert, fir hir Wueren auszestellen.
Ween no neie Wunnméiglechkeete sicht, ka sech en Abléck an en Tiny House verschafen. De Springbreak-Festival dauert bis e Sonndeg Owend.