
Déi zwou Deputéiert hunn de Rapport fir d’Budgetskontrollkommissioun geschriwwen, deen e Méindeg unanime ugeholl gouf.
De Rapport baséiert zum groussen Deel um Spezialrapport vum Rechnungshaff an déi zwou Co-Rapportricë stellen ënnert anerem Defiziter bei der Prozedur vun de Marchés publics fest.
“Eng Konklusioun, déi mer zéien, déi sech och aus aneren Dossieren ergëtt, déi mer hei an der Kommissioun diskutéiert hunn, dass et wierklech gutt wär, wann de Staat sech géif e bësse méi eng zentraliséiert Kompetenz am Beräich vun de Marchés-publicken zouleeën. Grad eeben och an esou Krisemomenter, well net all Ministère déi néideg Kompetenzen an deem Beräich huet, well et eng ganz spezifesch Matière ass. An et also wichteg wär, wann een dat kéint besser begleeden, fir eeben och all déi Diskussiounen, déi mer an deem heite Kontext och haten ze evitéieren.”
En anere Punkt, deen am Rapport vun der Budgetskontrollkommissioun ënnerstrach gëtt, ass, datt d’Chamber net ëmmer déi néideg Informatioune gehat hätt.
“De Projet de loi, deen d'Phas 2 finanzéiert huet, hat keng Fiche financière. D'Argument war, fir dann net op der Place publique déi Informatioune zirkuléieren ze loossen. Et war en plus gefrot gi vun der Kommissioun, fir déi Zuelen ze kréien, déi provisoresch fir d'Phas 2 an déi vun der Phas 1. An dat ass awer net geschitt. Do maache mer de Constat, dass dat schonn eng intentionel Demarche war an dass d'Chamber doduerch wichteg Informatiounen net krut. A mir ënnersträichen nach eng Kéier d'Wichtegkeet vun der Transparenz an esou grousse Fäll.”
D’Co-Rapportricen hunn ënnerstrach, datt et eng Krisesituatioun war an där séier Decisiounen hu misste geholl ginn an awer hätt ee sech sollen Zäit huelen, fir mat all den Acteuren ze schwätzen, amplaz sech op een anzeschéissen an ze soen, deen hätt déi néideg Kompetenzen, esou d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert, déi d’Leeschtungsindikateuren uschwätzt.
"Dat weist sech ganz spezifesch bei deene KPIs, wou ee seet, déi null, also déi, déi kee realistesche KPI sinn, wou ee seet, wann een als Verhandler an enger Reunioun sëtzt, wou ee seet, dat do ka jo net sinn, dat do kënne mer guer net objektiv evaluéieren, dass een ze stoe probéiert, amplaz séier séier eppes ze maachen, eppes gutt en place setzt an och mat de Prozeduren herno, fir ze verifizéieren, wéi d'Käschten engagéiert goufen.”
De Rapport vun der Sam Tanson an der Stéphanie Weydert gouf um Enn unanime an der Kommissioun ugeholl a geet elo un d'Regierung, fir datt déi Positioun huele kann. Am Hierscht ass dann eng Orientatiounsdebatt an der Chamber.